Déidlech Ofgrënn

Déidlech Ofgrënn

Hardcover

Durch das Verwenden dieser Links unterstützt du READO. Wir erhalten eine Vermittlungsprovision, ohne dass dir zusätzliche Kosten entstehen.

Beschreibung

Dem Jean Schoos säin drëtte Krimi Déidlech Ofgrënn aus der Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ spillt am Joer 1973. Wéi gewinnt huet den Auteur am Virfeld vill iwwert déi historesch Realitéiten zu Lëtzebuerg recherchéiert, a léisst esou eng spannend Mëschung aus Fakten a Fiktioun a seng Geschicht afléissen. De Chef vun der Brigade Rued-Sir gëtt dout opfonnt. En Deel vu senger Hirschuel hänkt un der Tapéit vum Büro. Säi Kolleg Turpel huet sech an de Koma gesoff. Den Zesummenhang? Eng säit drësseg Joer geheim gehale Krichsvergaangenheet mat fatale Folgen. Wien huet den Ofzuch gedréckt? Dat muss dem Kapitän Fischbach seng Equipe elo rausfannen. Schnell muss de Fischbach awer feststellen, dass net alles sou leeft wéi et soll. Hu Leit aus sengen eegene Reien eppes mat dëser Affär ze dinn? Wiem kann hien sech mat sengen Iwwerleeungen nach uvertrauen? Dem Jean Schoos seng Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ beweegt sech an de siechzeger, siwwenzeger Joren a behandelt d'Entwécklung vum Enquêteur Fischbach. Um Ufank nach 2te Mann an der Sûreté, ass hien elo zum Kapitän avancéiert a muss sech méi a méi mat administrativen Aarbechte beschäftegen a mat deem wat derhannert stécht. Et gëllt d'Gesiicht vun der Gendarmerie am richtege Liicht ze behalen, an dem Fischbach gëtt ëmmer méi bewosst, wat en dofir a Kaf muss huelen.
Haupt-Genre
Romane
Sub-Genre
N/A
Format
Hardcover
Seitenzahl
240
Preis
22.70 €

Autorenbeschreibung

De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. 1966 huet hie seng Première am Jongelycée gemaach an ass duerno op de Mathematikscours gaangen. Vum Wantersemester 1967 un, huet hien zu Heidelberg Chimie a Physik studéiert, mee ass 1969 op Psychologie a Soziologie ëm-geklommen. Déi lescht zwee Joer vu sengem Studium an nom Diplom 1975 huet hien an engem Fuerschungsinstitut zu Heidelberg geschafft. 1978 ass hien heem op Lëtzebuerg komm, fir d’Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a jonk Leit, unzehuelen. An dëser Funktioun ass hie bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert gouf. 1972 gouf hie mam Annette bestuet, si hunn dräi Kanner a sechs Enkelkanner, déi hie beim Schreiwe vu sengem drëtte Buch ënnerstëtzt hunn.